RETROBUS a.s.b.l.
  • Eise club
    • NEWS
    • Eis Equipe
    • Eis Coordonnéen
    • EIS FLOTT >
      • Bus 55
      • Bus 212
      • Bus 125
      • Bus 33
  • Need a bus
  • Retroshop
  • Sponsoren
  • CONTACT
  • Aral Card
  • BURGER EXPRESS

Den 55 am CONTROLE TECHNIQUE

30/6/2020

1 Commentaire

 
Dënschdeg, dën 30.06.2020, wor de Bus 55 dann op Keespelt bei den Demy Schandeler an den CONTROLE TECHNIQUE, deen en och ouni Problem gepackt huet.
En décke MERCI un de Romain J. an seng Equipe, dei dru geschafft hun, fir dest Resultat ze erzielen.
Demnächst geht de Bus 55 fir 3 Wochen an Daitschland, wou en komplett ofgemaach gett an uschléissend nei lackeiert gët. E Sponsoring vun eise Kollegen vu Kanech❤️❤️
1 Commentaire

renovéiert DIESeltanken fir den 55

25/6/2020

2 Commentaires

 
Um Bus 55 woren dei zwee Dieseltanken esou raschteg an ondicht, sou dass sech d’Fro gestallt huet, « flecken oder ersetzen »?
​Dei Tanken huet Mercedes carrément duerch Inoxtanken op hirem
Listing ersaat, sou dass dei 5500 Euro kascht hätten. Vill Geld waat mir awer net onbedengt wollten ausgin.
Dunn ass e Kolleg (Joël Bourg) deen eis den Tipp gin huet vum Hary Haagen zu Bartreng. Dei Firma fleckt alles waat normalerweis net mei ze flecken ass.
Hei d’Resultat. Dei 2 Tanken sin elo gefleckt gin fir 500,92 Euro. Gesandstrahlt goufen se an der Belsch fir 140 Euro. Mecht en Total vun 640,92 Euro.
De Yann Kohl huet eis en Don vun 200 Euro gemach. Villmools merci!
2 Commentaires

Äddi Aender

1/6/2020

2 Commentaires

 
Bild
2 Commentaires

Bus 55

7/3/2020

4 Commentaires

 
De Bus 55 ass nees asaatzbereed! Déi zwou Säite vir si gemaach! Merci Romain & Gaston!
4 Commentaires

Aarbeschten um bus 55

6/3/2020

1 Commentaire

 
Haut gouf da mol ugefaangen de Bus 55 an d’Rei ze setzen.
Hien krut vir nei Bremsscheiwen, nei Plaquetten, nei Kompaktlager an nei Mudderen
spendéiert.
Käschtepunkt: +/-910 Euro TTC.

Merci un de Romain an un de Gast fir hir Arbescht!

1 Commentaire

bus 55: Éischten offiziellen Asaatz

15/2/2020

0 Commentaires

 
Samsdeg, dën 15.02.2020 huet de Bus 55 säin éischten offziellen Asaatz gehaat. Dë Bus 55 huet eng Navette fir d'Amiperas Beetebuerg, déi hiren 50 jähregen Anniversaire gefeiert huet, tëscht dem Beetebuerger Schlass an dem Parc Merveilleux assuréiert.
0 Commentaires

Gidd member bei retrobus!

22/12/2019

1 Commentaire

 
Léif Follower, dëst Joër geht glaich op en Enn, an wei dir sëcherlech gemierkt hudd, sin vill Arbeschten un eisen Bussen erledegt ginn, an domat sin natierlech och vill Frais’en (lounen vun Plaatzen fir d’Bussen ënner ze stellen, Assurance, Material, Contrôle Technique, Diesel, etc...) entstaanen.
Wann dir nach net Member sidd, awer Member wellt ginn an eis ënnerstëtzen wëllt, kennt dir daat maachen an deems dir « mindestens » 15 Euro op een vun eisen Konten iwwerweist / digicasht.
👉IBAN LU51 0026 9101 0280 5700 - BILLLULL
👉IBAN LU13 1111 7033 2979 0000 - CCPLLULL
👉DIGICASH: 691660661
wegl. an d’Communicatioun : MEMBERSKAART 2020 schreiwen.
D’Memberskaart 2020 an eng Foto vum Bus 55 kritt dir dann uschléissend per Post gescheckt.
Eis Memberen kreien awer nach an den nexten Deeg en « Appel à côtisation » heem gescheckt.
Nei aktiv Memberen sinn ëmmer wëllkomm!
Mir soen elo schon am Virfeld villmools MERCI fir är Ënnerstëtzung. ❤️❤️❤️
————————————-
Sehr geehrte Follower, dieses Jahr neigt sich dem Ende zu, und wie Sie sicherlich schon bemerkt haben, wurde viel unseren Bussen geschraubt und gearbeitet, was natürlich auch bedeutet dass wir eine Menge an Ausgaben hatten (Anmietung von Stellplätzen für die Busse, Versicherungen, Material, Technische Kontrolle, Diesel, usw...).
Falls Sie noch kein Mitglied sind, aber Mitglied werden wollen und uns unterstützen möchten, können Sie dies tun, indem Sie « mindestens » 15 Euro auf eines unserer Konten überweisen / digicashen.
👉IBAN LU51 0026 9101 0280 5700 - BILLLULL
👉IBAN LU13 1111 7033 2979 0000 - CCPLLULL
👉DIGICASH: 691660661
bitte als Verwendungszweck : MITGLIEDSCHAFT 2020 angeben.
Die Mitgliedskarte für 2020 inkl. einem Foto von Bus 55 werden Ihnen dann per Post zugesandt.
Neue aktive Mitglieder sind immer willkommen!
Unsere Bestandsmitglieder werden in den nächsten Tagen noch angeschrieben.
Vielen Dank im Voraus für Ihre Unterstützung. ❤️❤️❤️
———————————--
Chers followers,
cette année touche à sa fin, et comme vous l'avez probablement déjà remarqué, beaucoup de travail et de temps a été investi dans l’entretien de notre flotte d’autobus, ce qui signifie bien sûr que nous avons eu beaucoup de dépenses (location de places de parking pour les bus, assurances, matériel, Contrôle technique, gazoil, etc ...).
Si vous n'êtes pas encore membre, mais que vous souhaitez devenir membre et souhaitez nous soutenir, vous pouvez faire un virement / ou un virement par digicash «d’au moins » 15 € sur l'un de nos comptes.
👉IBAN LU51 0026 9101 0280 5700 - BILLLULL
👉IBAN LU13 1111 7033 2979 0000 - CCPLLULL
👉DIGICASH: 691660661
veuillez indiquer comme communication: CARTE DE MEMBRE 2020.
La carte de membre 2020 comprenant une photo du bus 55 vous sera alors envoyée par courrier postal.
Les nouveaux membres actifs sont toujours les bienvenus!
Nos membres existants seront contactés dans les prochains jours par voie postale.
Merci d'avance pour votre soutien. ❤️❤️❤️

1 Commentaire

neien sponsor bei retrobus: bereler stuff

21/12/2019

0 Commentaires

 
Eng nei Reklam vun eisem neien Sponsor « BERELER STUFF » gouf haut an de Bus 55 gepescht.
En décke MERCI un den Dario an seng Equipe!
0 Commentaires

E-Go am bus 55

15/12/2019

0 Commentaires

 
Eisen neiesten Member, de Jeff, huet de Bus 55 nees op « E-Go » (den Ticketsystem virun der M-Kaart) emgerüst. Elo sin erem Ticketdrucker an E-Go-Entwerter am Bus drann.
Ausserdem gouf e Radio mat USB/MP3 (bei der CFL wor kee Radio drann) an en neien Mikro verbaut. E groussen MERCI un de Jeff fir sain Engagement!
E grousse MERCI fir den Adrien De Santis (Serilux) fir d’Stickeren vum Ego

0 Commentaires

neien ënnerdaach fir den bus 33

14/12/2019

3 Commentaires

 
Um Samsdeg, 14.12.2019, huet de Bus 33, eist Maskottchen, sech op de Wee gemaach fir an sain neit Ënnerdaach. Hei waert hien nach e bessi (maximal 4 Joër) ob seng Restauréierung waarde mussen.
Et ass am Comité beschloss gin dass mir als Club, ënnert der Leedung vum Romain, eisem Chef-Mecanicien, selwer ufänken de Bus nees an d’Reih ze maachen, an esou e Batz Geld spueren.
Mir soen deenen Leit en décken MERCI, dei eis an der Läscht Don’en, déi dem Bus 33 dédiéiert sin, zoukommen gelooss hun. ❤️
En décke Merci och un de Laurent an un d’Alice dei daat gemanagt hun ;)
Mir haalen iech natierlech um Laafenden

3 Commentaires
<<Page précédente

    Archives

    Juin 2020
    Mars 2020
    Février 2020
    Décembre 2019
    Novembre 2019
    Octobre 2019
    Juin 2019
    Mars 2019
    Février 2019
    Décembre 2018
    Octobre 2018
    Septembre 2018
    Août 2018
    Octobre 2017
    Août 2017
    Juillet 2017

Photo

Adresse postale:

Boite postale 6
L-3201
Bettembourg
Mail:

[email protected]
Téléphone:

(+352) 691 660 661
(+352) 671 671 013


Coordonnées bancaires:

IBAN LU08 0019 7155 9144 3000 BCEELULL

© Retrobus a.s.b.l. 2023
  • Eise club
    • NEWS
    • Eis Equipe
    • Eis Coordonnéen
    • EIS FLOTT >
      • Bus 55
      • Bus 212
      • Bus 125
      • Bus 33
  • Need a bus
  • Retroshop
  • Sponsoren
  • CONTACT
  • Aral Card
  • BURGER EXPRESS