BUS 55
|
MERCEDES BENZ CITARO FACELIFT
ex CFL BUS n°55 Verfügbar: Ja
|
Geschichte
De Bus 55 gehéiert zu der virleschter Serie vum Typ Mercedes-Benz Citaro Bussen, déi un d'CFL ausgeliwwert goufen. Am Joer 2009 gebaut, ass de Bus 55 deen eenzege Citaro an der Facelift Ausféierung ënnert den 12m Gefierer vun der CFL-Busflott (Dës Ausféierung war ënnert de CFL Gelenkbusse méi verbreet).
Eise Bus gouf am März 2009 an den Déngscht gestallt. Deen war virun allem op der RGTR Linn 307, déi Beetebuerg mat Esch/Uelzecht verbënnt, am Asaz. Mee dat huet en net drun gehënnert, op aner Linne vum CFL-Réseau agesat ze ginn, jee no Bedarf (sief et op de Sonndes-Coursen op den alen Eurobus-Linnen an der Stad Lëtzebuerg oder op Schinnenersatzverkéier-Fahrten). Wéi d’Ausmusterung vum Bus ëmmer méi no komm ass, huet d’RETROBUS a.s.b.l. Verhandlunge mat der CFL-Direktioun ënnerholl, fir dëst Gefier an seng Flott opzehuelen, wat schlussendlech am November 2019 geschitt ass. Soumat ass et deen éischten (a bis elo eenzegen) “historeschen” Citaro zu Lëtzebuerg, a gläichzäiteg ee vun de wéinegen "museal" erhalene Gefierer vun dësem Typ an Europa. Trotz senger moderner Bauform wäert en eng speziell Plaz an der Erënnerung vun de méi jonke Generatioune bäibehalen, déi nëmme solch Busser kannt hunn. |
Der Bus 55 gehört zur vorletzten Baureihe der Mercedes-Benz Citaro-Busse, die an die luxemburgische Eisenbahn geliefert wurden. Im Jahr 2009 gebaut, ist er der einzige Citaro in Facelift-Ausführung unter den 12m-Fahrzeugen des CFL-Fuhrparks (Diese Ausführung war jedoch unter den Gelenkwagen mehr verbreitet). Unser Bus wurde im März 2009 in Dienst gestellt und bediente fortan hauptsächlich die RGTR Linie 307 von Bettembourg nach Esch/Alzette. Ab und an war er dennoch auf anderen CFL Linien im Einsatz, wie zum Beispiel auf den Sonntagsumläufen der ehemaligen Eurobus-Linien oder im Schienenersatzverkehr.
Als die Ausmusterung des Busses immer näher rückte, hat RETROBUS a.s.b.l. Verhandlungen mit der Eisenbahndirektion geführt, um das Fahrzeug in seine Flotte aufnehmen zu können. Dies geschah dann im November 2019. Somit handelt es sich um den ersten „historischen“ Citaro in Luxemburg, und gleichzeitig um einen der wenigen „museal“ erhaltenen Fahrzeuge dieses Typs in Europa. Trotz dessen modernen Bauform wird dieser Bus eine besondere Stelle in der Erinnerung von jüngeren Generationen einnehmen, die nur solche Busse gekannt haben. |
Le bus 55 appartient à l’avant-dernière série de véhicules du type Mercedes-Benz Citaro à avoir été livré aux CFL. Construit en 2009, le 55 est le seul Citaro en version facelift présent parmi les bus 12m du parc des CFL (Cette version était bien plus répandue parmi les autobus articulés).
Notre bus a été mis en service en mars 2009. Celui-ci fut principalement affecté à la ligne 307 du RGTR, liant Bettembourg à Esch/Alzette. Ceci ne l’empêcha pas d’être affecté à d’autres lignes du réseau bus des CFL, lorsque le besoin se présentait (Que ce soit les courses dominicales sur les anciennes lignes Eurobus circulant sur le territoire de la ville de Luxembourg, ou bien les courses dans le cadre des services de substitution au train). Lorsque la réforme du bus approcha à grand pas, RETROBUS a.s.b.l. a entamé des négociations avec la direction des CFL, afin de l’inclure dans sa flotte de véhicules historiques. Ce qui fut finalement le cas en novembre 2019. Ainsi le bus 55 est devenu le premier Citaro « historique » au Luxembourg, ainsi qu’un des rares véhicules de ce type à avoir été préservé en tant que véhicule-musée en Europe. Malgré son apparence moderne, il occupera une place spéciale dans la mémoire des jeunes générations, habituées uniquement à ce type de bus. |