De 06. an den 07 Juli 2019 organiséiert RETROBUS asbl hiert traditionellt SUMMERFEST zu Beetebuerg op der Kierchplaz, mat Ausstellung a Fahrten mat historesche Bussen, Sprangschlass a selbstverständlech dem Floumaart.
Dest Joer sinn och verschidden Clibb an ASBL'en, dei e Stand hunn fir sech ze promouveieren. (dei Clibb wou e Stand wellen, sollen sech bei eis mellen - Fir d'Clibb as d'Standplaaz gratis) Special Guest : Knight Rider 😉 Alleguerten déi Privatpersounen déi e Stand bei eis um Floumaart wëllen, kënnen sech bei eis umellen iwwer Email [email protected] , Messenger oder iwwer Telefon um 691660661. De Stand kascht 15 Euro fir béid Deeg. De Stand ass 2m laang an 2 m déif (een Béierdesch an eng Bänk gi vun eis zur Verfügung gestallt, Zelter vun 3x3m musst / oder kennt dir gaer matbréngen). Eng Kautioun vun 10 Euro muss och virgestreckt (matiwwerwisen) gi pro Stand, déi een awer op der Platz zeréck kritt, wann een d'Platz uerdentlech verléisst! D'Umeldungen si nëmme gülteg mat engem Virement op den CCPLLULL IBAN LU13 1111 7033 2979 0000 . De Floumaart geet déi béid Deeg em 10 Auer un bis Owes 18 Auer. Opgeriicht kann ab 09 Auer ginn. Alles dierf Verkaaft ginn ausser Iesswueren, Gedrénks an Fälschungen. Fir all weider Fro sti mir iech gären zur Verfügung um Telefon 691660661 oder per Messenger! Merci am Viraus - De Comité
0 Commentaires
|