![]() Samschdeg, den 19.Oktober 2019 organiséiert RETROBUS a.s.b.l. eng Dagesrees op d'BUSWORLD-EXPO 2019, déi dëst Joer zu Bréissel statt fënnt. De Präis op de Kapp ass 40 Euro, wou den Entrée op d'Expo an de Bus abegraff sinn. Mir fueren mat engem Reesbus vun der Firma DEMY SCHANDELER den 19. Oktober 2019 em 05:45 Auer zu Beetebuerg bei der Sportshal, an em 06:00 Auer um P&R Bouillon fort, a wäerte géint 10:00 Auer ukommen. Ënnerwee gëtt natierlech ëmmer eng ZIPI-Paus gemaach, wou mir dann och nach Kaffi drénke ginn. Owes géint 18:00-18:30 (à voir sur place) triede mir den Heemwee un. Wann dir wëllt matfueren, da reservéiert är Platz elo an dreems dir 40 Euro op eise Postscheckkonto : IBAN LU13 1111 7033 2979 0000 - CCPLLULL iwwerweist. Deadline fir sech unzemellen ass Méindeg, den 8. Oktober 2019 em 24:00 Auer. E "MUST" fir all Busfan! Merci fir är Ënnerstëtzung. De Comité weider Infoen https://www.busworldeurope.org/
0 Commentaires
Laisser une réponse. |