​    ...OLD BUSES ARE OUR PASSION!
  • Home
  • Summerfest / Floumaart 2017
  • News & News Archive
  • BUS 212
    • History Bus 212
    • Tour de Ville 2016
  • Bus 125
  • Bus 33
    • History Bus 33
  • Le Comité / der Vorstand
  • need a bus?
  • Contact - Member ginn

Picture

Mëttwoch, den 31.05.2017 : De Bus 125 gouf op d'Fosse geholl fir ze kucken waat ënnendrënner muss gefléckt gin, bzw geschweesst gin. Dës Arbeschten gin während dem Mount Juni duerchgefouert. De Bus 125 wärt dann uschleissend dem Contrôle Technique virgefouert gin.
(Fotoen: Yann Kohl)

Picture

Samschdeg, den 20.05.2017 : De Bus 212 wor ënnerwee am 30 Minuttentakt tëscht dem Glacis an dem Neiduerf, an huet den den "Parking Service" fir d'SHADOWS NIGHT 2017 assuréiert - Concert vum Grupp "SHADOWHISPERS".

Méi Infoen :  www.shadowhispers.com

Mëttwoch, den 03.05.2017 : Communiqué

Léif Membere vu RETROBUS,

Mat dësem Communiqué deele mir mat dat et deemnächst zu engem Personalwiessel am Comité komme wäert. D’Häre Patrick Haupt (President) a Steve Wagner (Member vum comité) hunn eis viru kuerzem ugekënnegt fir de 17.07.2017 aus perséinleche Grënn vun de respektive Funktiounen zeréckzetrieden. Mir soen hinne villmools Merci fir hiren Asaz an hiert Engagement während de leschte Joren.
An där Hinsicht sinn déi zwou Platzen ab dem 17.07.2017 fräi am Comité a kënnen duerch zwou interesséiert Persoune besat ginn. D’Chargë bzw. di eenzel Poste wäerten deemno och am Comité no Bedarf frësch verdeelt bzw gewielt ginn. Kandidature vun den interesséierte Persoune si bis spéitstens de Freideg, 30. Juni 2017 eranzereechen, sief et per mail (info@retrobus.lu) oder per Bréif. Fir méi Infoe sti mir iech gär zur Verfügung.
Mat frëndleche Gréiss.

De Comité.


Chers membres de RETROBUS,

Par le biais de ce communiqué, nous voudrions vous annoncer qu’un changement de personnel se fera prochainement au niveau du comité. En effet, Messieurs Patrick Haupt (Président) et Steve Wagner (membre du comité) ont fait part de leur intention de démissionner de leurs fonctions respectives en date du 17 juillet 2017. Nous voulons ainsi les remercier pour leur engagement lors de ces dernières années.
A cette occasion, deux postes seront à pourvoir pour le comité à partir du 17 juillet 2017. Ceux-ci pourront être occupés par des personnes intéressées. Les charges respectivement les postes seront répartis à nouveau, ou bien nouvellement élus si besoin est.
Les candidatures des personnes intéressées peuvent être déposées jusqu’au 30 juin 2017, soit par voie électronique (info@retrobus.lu), ou bien par courrier postal. Nous sommes à votre disposition pour des informations complémentaires.
Salutations amicales,

Le comité

Sonndeg dën 30.04.2017 : RETROBUS a.s.b.l. wor mam Bus 212 ënnerwee um Rallye "LITERATOUR" fir d'MJC (Maison des Jeunes et de la Culture) an d'Gemeng Beetebuerg als Navette tëschent der Kierchplaz an dem Fussballsterrain ënnerwee. Thema am Bus wor "d'ROSA PARKS". 

Samschdeg den 29.04.2017 : De Bus 212 wor mat engem Grupp vum Personal aus der Eecher Klinik, déi een Tour de Ville gebucht haten ënnerwee an der Stadt Lëtzebuerg. Merci un de Claude an un den Alban fir d'Fotoen.


01.04.2017 : "Aktioun Grouss Botz 2017":
Mir soen jidderengem Merci, deen am Numm vun Retrobus mat gemaach huet. Mir hoffen dass dir d'nächst Joer nees derbäi sidd.

10. Maerz 2017 : Generalversammlung vu RETROBUS a.s.b.l. am Centre Ganser zu Beetebuerg. Hei den Artikel aus dem Luxemburger Wort vum 24.03.2017. En décke Merci un den Här Mousel.
Picture

15.02.2017 : Iwwerféierungsfahrt vum ex-Tice Bus 23
Mir kruten den ex-Tice Bus 23 fir en Symbolesche Präis. Den Thomas, Steve an de Fränz woren hien op Déifferdeng sichen. Ënnerwee vun Déifferdeng op Ettelbréck goufe mir dann och nach vun der Douane ugehal, mee mir konnten no kuerzem Openthalt direkt nees weider fueren. Dei aal Dépanneuse gëtt als Ersatzdeelspender fir d'Fënsteren, Auspuff a.s.w. gebraucht a gëtt dann deemnächst ausgeschluecht an d'Ersatzdeeler op Lager geluecht. Een décke Merci un d'Gemeng Déifferdeng!
20. August 2016 : An Zesummenaarbescht mam Guide vum LCTO, KRAUSCH Théo, huet RETROBUS a.s.b.l. hiren éischten "Tour de Ville" organiséiert. Et wor een immens flotten Dag an een gelungenen Tour mam Bus 212 duerch eis schéi Stad, deen als Ofschloss mat engem Teller Fritten, Ham an Zalot an engem gudde Patt auskléngen gelooss ginn ass. Merci un all déi wou derbäi wooren an un all déi wou eis eng Hand ugepaakt hunn.
all d'Fotoe kucken

26.04.2016 : Aktioun Grouss Botz an der Gemeng Beetebuerg.

18. März 2016 : Éischt ausseruerdentlech Generalversammlung zu Beetebuerg am Café Em'porio. (Artikel Tageblatt vum 21.03.2016)
21_03_2016_tageblatt_ausgediente_busse_in_neuem_gewand.pdf
File Size: 1606 kb
File Type: pdf
Download File


12. Oktober 2015 : Mir hunn um "Dag vun der nationaler Commemoratioun" zu Beetebuerg deelgeholl fir deene Leit Merci
​ ze soen an ze gedenken, déi hiert Liewe fir eist Land am zweete Weltkrich geopfert hunn.

17. September 2015 : Dagesausfluch op "d'Busworld-Expo" zu Kortrijk an der Belsch, en Flichtprogramm fir all d'Busfans ënnert eis. Des Ausstellung fënnt nëmmen all zwee Joer statt. Hei ginn déi neisten Bussen, an alles wat dozou gehéiert, virgestallt. Fir dësen Ausfluch huet Voyages Demy Schandeler eis de Bus zur Verfügung gestallt an dofir soe mir villmools Merci.
all d'Fotoe kucken

05. September 2015 : Dagesausfluch mat Voyages Simon-Tours vu Péiteng an den "Europa-Park" zu Rust an Däitschland. Fir des Rees krute mir een spezial Präis an deen neisten Bus aus dem Fuerpark zur Verfügung gestallt an duerfir soen mir hinne villmools Merci
all d'Fotoe kucken

27. September 2014 : Éischt Visite vum Bus 33. Nodeems den Christophe Jentgen de Bus 33 an enger Facebook Grupp entdeckt huet, hunn e puer Leit sech op de Wee op Baudour an der Belsch gemaach fir nom Bus kucken ze goen. D'Resultat wor erniichternd.
all d'Fotoe kucken

© RETROBUS a.s.b.l. 2017  -  Leschten Update - 20.05.2017 - 18:20 Auer 
✕